Wéi alles ugefaang huet

D’Iddi mäin eegene Wäin ze maachen ass a mir geräift wéi ech am Mäerz 2019 a Südafrika an enger Lies mat dobäi war. Wat mech schlussendlech iwwerzeegt huet, waren déi inspiréierend Echangë mat Leit, deenen ech op menge Reese begéint sinn, de Reseau vu Persounen déi mech ënnerstëtzen, an net zulescht och d’Riewen déi meng Grousseltere viru méi wéi véierzeg Joer geplanzt hunn. Aus dem éischte Produktiounszyklus staamt och mäin éischte Wäin „Roots“.

D’Wéngerten an deene mir schaffe gehéieren zum Wäibaugebitt ronderëm Rëmerschen. Ech hunn selwer keng eege Kellerei, mee ech krut d’Geleeënheet fir meng Produktioun zu Nidderdonwen ze lancéieren.

Wéi mer, dach beandrockt, am Keller virun de Fässer stoungen, an deenen d’Gärung vun eiser éischter Lies am Gaang war, hat d’Féiwer ons ewell gepaakt. Schonns am Wanter vun 2019/2020, hunn ech weider Wéngerte gepacht.

Philosophie

Et ass meng Iwwerzeegung datt mer musse responsabel handelen, fir datt mer ons dëse Planéit weiderhi kënnen deelen, a fir dat natierlecht Ëmfeld, dat mer geierft hunn, ze erhalen. Zugläich musse mer och d’Lektiounen aus ale Feeler léieren.

Fir eis ass et d’Handaarbecht déi de Mënsch mat der Rief verbënnt, also och mat der Fruucht, déi hie bestrieft ass ze liesen. Mir iwwerwaachen déi natierlech Konditiounen am Wéngert, a maachen déi Aarbechten déi ufale vun Hand. Dobäi setze mer weder Pestiziden nach cheemeschen Dünger an. Fir dat och nëmmen déi bescht Drauwen et bis an d’Kellerei packen, loosse mir ons déi néideg Zäit fir se a renger Handaarbecht auszewielen, an zum richtegen Zäitpunkt ze plécken. All d’Memberen aus der Ekipp stinn hannert dëser Philosophie an droen zu hirer Ëmsetzung bäi.

Bei all Produktioun ass et vun Ufank un d’Zil, d’Qualitéit vun den Drauwen déi gelies goufen ze erhalen. Mir verschaffen se op eng duuss Manéier, unhand vun enger bestëmmter Technik oder duerch eng Kombinatioun vu Methoden, fir hire Charakter ervirzehiewen, a fir den zukünftege Wäiner eis perséinlech Nott ze ginn. Dobäi wëlle mer awer esou wéineg wéi méiglech agräifen, fir se net ze stéieren hiert vollt Potenzial ze entfalen. D’Wäiner bestëmme selwer wéi vill Zäit se brauchen.

Familljegeschicht

Et kéint ee soen, datt meng Passioun fir dëst Handwierk e familiären Hannergrond huet. An engem gewësse Sënn maachen ech et wéi meng Grousselteren, deenen hir Familljen allebéid an der Produktioun vun Drauwen aktiv waren. Ech ka mech gutt un déi Zäiten erënneren, wéi ech bei mengem Grousspapp um Trakter souz, wann hien Drauwen an d’Kooperativ geliwwert huet. Ech sinn och haut nach beandrockt vu menge Grousselteren hirem Asaz duerch d’Joreszäiten, fir sech ëm all Drauwestack eenzel ze beméien. Den Hierscht, dann, war nach ëmmer déi besonnesch Zäit am Joer, an där déi ganz Ekipp fir d’Lies zesummekënnt, zilorientéiert, an an enger schonns bal perfekter, gemeinschaftlecher Ambiance.

Elteren

Eis Elteren ënnerstëtzen ons net nëmme mat hirer Léift an hirer Waarmhäerzegkeet.

Ouni d’Danièle an den Gast wären d’Drauwelies – a ganz sécher och weider Schrëtt an der Produktioun – bis elo net méiglech gewiescht.

Esther

E Mann ass ëmmer nëmmen esou staark ewéi déi Fra déi him zur Säit steet
Beverly Jenkins

An net nëmmen dat. D’Esther huet sech drëms gekëmmert e Logo mat menger Ënnerschrëft ze schafen, mat deem mir elo ons Fläsche signéieren. Als eng richteg Artistin këmmert hatt sech net nëmmen ëm de Design vun Etiketten. Et beweist säin Talent och bei der viller Handaarbecht un de Riewen am Wéngert.

Frënn

„Dat“ Team fir d’Lies. E Grupp vun energeschen, generéisen an engagéierte Leit. Well d’Ekipp all Dach ännert, jee nodeem wéi d’Leit disponibel sinn, sinn se net all op der Foto ze gesinn. Wien si sinn ? Frënn vun eis, Frënn vun der Famill, Frënn vu Frënn, déi och eis Frënn gi sinn.

Fir hiert formidabelt Engagement wäert ech hinnen ni kënne genuch Merci soen.

You must be 18 years old to visit this site.

Please verify your age