
fruity blend for friendships
and enjoyable moments. "

Bob Molling
Begeeschtert vun der Natur an hire Virgäng, schaffen ech immens gären dobaussen. Duerch d’Riewen an d’Wäiner kann ech mech matdeelen a menger Aart ze sinn, ze denken an ze handelen. Ech gesi mech selwer als en disziplinéierte Chaot, dee probéiert spontan Affäll mat méi geneeën Iwwerleeungen auszegläichen.
Getrei der Iddi Wäiner wuessen ze loossen (amplaz se ze produzéieren), këmmeren ech mech gären ëm all Riefstack eenzel. Meng Bewonnerung fir d’Natur a méi Bléck op d’Detailer an hiren Ofleef sinn dobäi de Schlëssel fir d’Gewënnung vun dréchene Wäiner mat echtem Charakter.

Authentesch
„Molling Wines“ maachen engem näischt vir. Si follege kengem Stereotyp an och kengem Muster. Et sinn authentesch, dréche Wäiner déi der ganzer Aarbecht, vum Wéngert bis zur Fläsch, Rechnung droen.
Ausser der natierlecher Keelt am Wanter sinn se kenger Prozedur ausgesat fir de Wäisteen ze stabiliséieren. Deemno kënnen se Kristaller bilden.


Charakter, Terroir a Vintage
Wine is sunlight, held together by water.
Galileo Galilei
